GDPR to the rescue

Iwwert den "Fichier Central"

An deenen leschten Deeg gouf vill geschwat iwwert den "Fichier Central" (opgepasst, paywall!), och nach den "geheimen Police Dossier" genannt. Mir vum Chaos Computer Club Lëtzebuerg fannen datt et Zäit ass elo Neel mat Käpp ze maachen a bidden iech dowéinst dëst einfacht Tool un, mat deem dir är gespäichert Daten kënnt ufroen (GDPR säi Dank).

Iwwert dës Websäit

All Daten déi dir hei agitt, ginn néierens gespäichert a verbleiwen just kuerzzäiteg am RAM dermat een mailto Link generéiert ka ginn.
Reng Theoretesch hätt d'NOC Team vum C3L kuerzzäitegen Zougrëff op Daten am RAM. Mä d'Hacker Ethik verbitt eis déi Daten anzegesinn.
Dës weideren verschéckt den Notzer d'Mail selwer a net den C3L. Mir bidden just een Wee un, fir dat ganzt hallef ze automatiséieren. Sou dat ären Standard E-mail Programm/App mat den néidegen Angaben gestart gëtt. Dat ass esou, well een eng Kopie vun senger Carte d'Identité muss mat derbäi ginn a mir wëllen op keen Fall sou sensibel Daten traitéieren (och wann d'Kopie just kuerzzäiteg um Server wär). Den Empfänger vun der Mail ass den Dateschutzbeopdragten vun der Generaldirektioun vun der Police Grand-Ducale souwéi d'Sekretariat vum Generaldirekter.
Et ass wichteg ze wëssen, datt also keng E-Mails automatiséiert vum C3L aus verschéckt ginn, datt mir är Angaben net späicheren an och keng Statistiken féieren.

Perséinlech Angaben

Gelies a verstanen!