GDPR to the rescue

Iwwert den "Fichier Central"

An deenen leschten Deeg gouf vill geschwat iwwert den "Fichier Central" (opgepasst, paywall!), och nach den "geheimen Police Dossier" genannt. Mir vum Chaos Computer Club Lëtzebuerg fannen datt et Zäit ass elo Neel mat Käpp ze maachen a bidden iech dowéinst dëst einfacht Tool un, mat deem dir är gespäichert Daten kënnt ufroen (GDPR säi Dank).

Iwwert dës Websäit

Dës Websäit steet iech zur fräien Verfügung fir är Daten am "Fichier central" unzefroen. Dofir, musst dir är perséinlech Daten uginn an op "Fortschécken" drécken. Dann gëtt automatesch ären Standard E-mail Programm/App mat deenen néideg Angaben gestart. Awer keng Angscht, d'Websäit ass esou konzipéiert, datt keng perséinlech Daten déi dir hei agitt, un eisen Server geschéckt ginn. Dir musst dann just nach an ärem elo gestarten E-Mail Programm, eng Kopie vun der Carte d'Identité oder dem Pass mat derbäi ginn an d'E-mail fortschécken. Den Empfänger vun der Mail ass den Dateschutzbeopdragten vun der Generaldirektioun vun der Police Grand-Ducale souwéi d'Sekretariat vum Generaldirekter.
Sollt dat elo net klappen, dann kann een hei nach eng Breifvirlag eroflueden, ausfëllen an aschécken!

Et ass wichteg ze wëssen, datt also keng E-Mails automatiséiert vum C3L aus verschéckt ginn, datt mir är Angaben net späicheren an och keng Statistiken féieren.

Perséinlech Angaben

Gelies a verstanen!